Den 9. Mäerz 2025 gouf d’Halleffinall vum Championnat Dames ausgedroen. Dobäi ass d’Ekipp vum DT Rued op de Favorit DT Diddeleng gefall, dee senger Favoritteroll konnt gerecht ginn. Obwuel d’Annick Stammet seng zwee Matcher no engem spannende Kampf fir sech entscheede konnt, hunn eis Damme sech mat enger 4-2 Nidderlag misse geschloe ginn.
Am Kampf fir déi 3. Plaaz konnten si sech dunn awer konsequent mat 4-2 géint den DT Schëffleng duerchsetzen an hu soumat, selwecht wéi am Joer 2024, de Podium kënne besetzen.
E grousse Merci un eise Coach dem Christophe Krecké ewéi eise Supporter déi de Wee bis op de Briddel an d’Sportshal fonnt hunn.
Allez DT Rued !




