Iwwert Ons

Häerzlech Wëllkomm um Internetsite vum Dëschtennis Rued !

Den DT Rued ass am Joer 1947 gegrënnt ginn an ass säitdeem net méi aus der Gemeng Betzder ewech ze denken. Eréischt viru kuerzen hu mir mat eisen aktuell 86 lizenzéierte Spiller eise 75 Anniversaire gefeiert, wou mir op verschidde sportlech Erfolleger zeréckblécken kennen.

Besonnesch erwähnungswert ass heibäi den Doublé vun eisen Damen am Joer 2017, 2018, 2019 a 2023, an de Coupegewënn am Joer 2022 bei den Hären.

Als 5. Presidentin vun dësem Traditiounsveräin leit mir d’Kontinuitéit, den Zesummenhalt vum ganze Veräin an d’Jugendaarbecht besonnesch um Häerz.

Den Interessi iwwert déi lescht Jore fir den Dëschtennis an onser Gemeng huet sech stänneg weiderentwéckelt an et ass flott ze gesinn dass dëst och ëmmer tatkräfteg vun eiser Gemeng ennerstëtzt gouf a gëtt.

Net ze vergiessen ass och den engagéierten Asaz vun eise jonke Spiller, eisen Traineren, eise Sponsoren an och onsen treie Supporteren, ouni déi mir haut sécherlech net géingen do stoe wou mir haut sinn, an deenen ech op där Platz och nach eng kéier e ganz grousse Merci well soen !

Presidentin vum DT Rued,

Annick Stammet

Ekipp vum DT Rued Sir