Beweegung a Zesummenhalt !
Zënter der Saison 2025/2026 si mir besonnesch houfreg an eisem Veräin e Parkinson-Training unzebidden. Fir eis ass et wichteg, datt Sport fir jiddereen zougänglech ass an datt mir och Leit mat enger Erkrankung aktiv ennerstëtzen.
D’Parkinson-Krankheet beaflosst virun allem d’Beweegung, d’Gläichgewiicht an d’Sécherheet am Alldag. Regelméisseg Beweegung kann dobäi hëllefen, d’Beweeglechkeet ze erhalen an d’Liewensqualitéit ze verbesseren. Besonnesch Dëschtennis ass dofir ganz gëegent, well et Koordinatioun, Reaktioun a Konzentratioun gläichzäiteg fërdert.
Mat eisem Training wëlle mir de Betraffenen net nëmmen eng sportlech Aktivitéit biden, mee och eng Plaz fir Austausch, Freed a Gemeinschaft schafen. Gläichzäiteg droe mir dozou bäi, d’Bewosstsinn fir d’Parkinson-Erkrankung n eiser Gesellschaft ze stäerken.
Den Austausch ënnereneen an d’Ënnerstëtzung duerch engagéiert Trainerinnen an Trainer schafen eng wäertvoll Atmosphär, déi wäit iwwer de sportleche Kader erausgeet !