Coupe de Luxembourg dames 2023/2024

Oh, DT Rued-Sir

Dee beschte Club am ganze Land, daat weess dach mëttlerweil all Kand. Champion an och Coupegewënner, DT Rued-Sir

Den 3. an 4. Februar 2024 war grousse Rendez-vous an der Coque wou d’Coupe de Luxembourg des Dames ausgedroe gouf. No enger spannender halwer Final konnt sech den DT Rued-Sir 4-2 géint den DT Houwald imposéiren. Erwähnenswert ass dem Dani Konsbruck säi Comeback no 4 Joër Paus an dem Laura Burcheri seng Performance vum ganzen Daag. Ma och an der Finall hued een näischt Ubrennen gelos an den Deckel mat engem 4-0 géint den DT Ettelbréck zougemat. D’Coupe geet soumat nom Gewënn 2022/2023 fir déi 6te Kéier erem zréck op Rued.

En Grousse Merci un eis Coachen dem Annick Stammet, daat verletzungsbedéngt leider net matspillen konnt, an em Joé Michels. An natirlech net ze vergiessen un all eis Supporter déi fir eng bombastesch Stëmmung an der Haal gesuergt hun an deen Moment onvergiesslech gemaat hun.

Allez DT Rued !

Leave a comment