Events vun der Saison

Heidrënner fënns du all d’Events vun der Saison 2026/2027 déi den Deschtennis Rued entweder organiséiert oder op denen mir vertrueden sin. Mir frëen eis Iech ze gesinn an zielen op äere Support !

Traditionnelt Mullefest vum DT Rued

Den 18. Oktober 2026 ass et nees sou weit : eist traditionnelt Mullefest steet virun der Dier !

D’Plaazen sin begrenzt, dofir vergiesst net Iech bis den 08. Oktober unzemëllen ! Mir frëen eis Iech all kënnen ze begréissen an op e Pätchen unzestoussen !

20. Tournoi Individuel Norbert Frieden

De 15. November ass et nees souwäit ! Déi 20. Editioun vun eisem Tournoi Individuel Norbert Frieden steet fënnt erëm statt. Dat ganzt wéi all Joer an der grousser Sportshal zu Rued-Sir. 

Mir freeën eis op spannend Matcher, fair Dueller an e schéine gemeinsamen Dag,

Fir aktiv Spiller : denkt drun, Iech bis den 12/11/2026 unzemellen !